Wéi et aus internen Gespréicher heescht, muss Sky a Canal+ Aarbechter entloossen.

D'Konkurrenz vun Amazon Prime an Netflix ass ze grouss. Dat kréien och grouss Konzerner wéi Sky an Daitschland a Canal+ a Frankräich ze spieren.

Wéi et heescht, mussen dowéinst Leit entlooss ginn. D'Zuel vun den Entloossunge vu Sky läit am zweestellege Beräich.

Sky probéiert duerch Eegeproduktiounen géint d'Konkurrenz vun den online Streaming-Déngschter ze goen. Si kréien dofir gutt Kritiken an gewannen och erëm un Opmierksamkeet.

Allerdéngs ginn hir Beméiungen awer net duer, fir géint d'Konkurrenten unzekommen.

Och Canal+ huet a Frankräich ze kämpfen an huet bis Enn Mäerz 230.000 Abonnenten verluer. Si hunn insgesamt 2.800 Mataarbechter an dovun sti ronn 500 - 800 Plazen um Spill.