Et goufe scho méi wéi 4.000 Exoplanéite fonnt, duerch de "Starshade"-Konzept kéinten der nach méi entdeckt ginn.

E risege Sonneprabbeli, fir am Weltall nach méi genee fuerschen ze kënnen, dat ass de ganz ambitiéise Projet vun der NASA, deen de Numm "Starshade" krut. D'Iddi ass een Teleskop am Schied vun de Stären ze positionéieren, fir esou eng besser Siicht ze hunn.

Hei géifen zwee Raumschëffer benotzt ginn, op dem éischte wier de Weltall-Teleskop, op der Sich no Planéiten, déi sech op Bunne vun anere Stäresystemer befannen. Den zweete Raumschëff géif op eng Distanz vu 40.000 Kilometer placéiert ginn a wier mat enger grousser flaacher Fläch equipéiert, déi d'Luucht zréckspigelt.

Wa se bis aktivéiert ass, géife déi verschidden Deeler sech wéi eng Blumm auserneefalen an d'Luucht, déi vun engem Stär produzéiert gëtt, blockéieren. Esou kéint den Teleskop aner Planéite besser gesinn an erfuerschen, ouni vun hirer Luucht geblennt ze sinn.

Fir dass d'Missioun ee Succès gëtt, mussen déi zwee Raumschëffer mat enger Präzisioun vun engem Meter alignéiert sinn, an dat obwuel se duerch etlech Kilometere getrennt sinn. Eng riskéiert Wett, awer net onméiglech fir d'Nasa, déi genuch Ressourcen an Instrumenter géif asetzen.

Falls de "Starshade"-Projet klappe sollt, kéint och duerch dëse méi direkte System eventuell Liewen op anere Planéiten entdeckt an analyséiert ginn.