De Sproochassistent vun Amazon seet engem souguer elo wéi eng Symptomer ee bei enger Gripp huet.

D'Alexa ass ee vun Amazon entwéckelten, virtuellen Assistent. D'Briten dierfe sech elo freeën: d'Alexa huet nämlech elo eng nei Funktioun, et däerf een d'Alexa em Rot froen, wann et ëm medezinesch Zwecker geet.

Si kënnen zum Beispill hi goen an d'Alexa em Hëllef froen, wann ee wësse wëll, wat d'Symptomer vun enger Gripp sinn. Dëst géing d'Gesondheetspersonal entlaaschten. Den nationale Gesondheetsdéngscht (NHS) géing zanter Kuerzem mat Amazon zesumme schaffen.

Dëst wier eng innovativ Technologie, well d'Leit vun doheem aus ganz bequem vum Alexa senge medezineschen Kenntnisser profitéiere kënnen an sech kënne beroden loossen. De virtuellen Assistent vun Amazon soll capabel sinn, d'Websäiten vum NHS ze duerchsichen, fir de Leit Äntwerten kënnen ze ginn. Diagnosen stellt d'Alexa awer keng.

De britesche Gesondheetsdéngscht bitt op hirer Internetsäit eng ganz Rei vun Informatiounen un, fir Hiweiser zu verschiddenen Erkrankungen ze ginn.

Et gëtt awer jiddefalls geroden, sech net just op d'Alexa ze verloossen, mä sech och vun engem Dokter ënnersichen ze loossen.