Wat soll een den Owend op Netflix oder Amazon Prime kucken? De beschtbekannte TV-Guide aus Däitschland hëlleft dem Zuschauer elo och beim Streaming.

Well d'Offer op de Plattformen heiansdo esou grouss ass, fält et engem schwéier, fir ee Choix ze treffen. Dofir wëll sech "TV Spielfilm" um Segment vum Streaming nei positionéieren.

D'Mark, déi der Burda Grupp gehéiert, huet dës Woch een neie Guide lancéiert, deen dem User een iwwersiichtlechen Iwwerbléck iwwer Serien a Filmer gëtt, déi op de verschiddene Plattformen ugebuede ginn. Fir den Ufank goufe Netflix, Amazon Prime, Magenta TV, Maxdome, Sky Ticket an TVNow virgesinn. Et solle mat der Zäit nei Servicer bäikommen.

Mam neie Guide kann ee ganz spezifesch no engem Genre vu Film oder Serie sichen, et ginn och Kategorie virgeschloen, wéi zum Beispill "déi neiste Filmer fir Kanner", oder "Streaming-Virschléi vun der Redaktioun". Dozou komme nach Informatiounen iwwer d'Besetzung vun der Produktioun, Traileren an d'Disponibilitéit op de Plattformen.

Fir dat Ganzt nach méi bequem ze maachen, gëtt ee mat engem Link direkt op déi richteg Plaz bruecht, fir dat ze kucken, wat ee sech erausgesicht huet.

Et ass net déi éischte Kéier, dass esou ee Streaming-Guide proposéiert gëtt, et fënnt ee schonn een Deel vum Programm op werstreamt.es, eng Offer vun der Funke Mediengruppe. Hei fënnt een aner Servicer wéi iTunes, Rakuten TV, Videoload oder Joyn, de ganz jonke Programm vu ProSiebenSat.1.