Zanter e puer Deeg gesäit een op soziale Medie Gesiichter, déi vun enger App mat vill Realismus awer net ganz vill Sécherheet méi al gemaach goufen.

D'Resultat ass wierklech immens gelongen: Falen, déi gutt siichtbar sinn a mat groen Hoer: Esou, wéi ee méi spéit kéint ausgesinn. Mat "FaceApp" kann ee sech méi al maachen an den Trend ass am Gaangen, online ze boomen.

An den USA weist sech ee Senateur besuergt iwwer d'Sécherheet vun dësem System:

"Den FBI an d'FTC (Federal Trade Commission, den amerikanesche Konsumenteschutz) sollen esou séier wéi méiglech de Risiko fir déi national Sécherheet an d'Privatsphär evaluéieren, well Milliounen Amerikaner FaceApp scho benotzt hunn".

De Problem fir d'Amerikaner ass, dass d'Software, déi eng kënschtlech Intelligenz benotzt, fir d'Gesiicht ze veränneren, enger Firma, déi a Russland baséiert ass gehéiert, an dass d'User e kompletten Accès zu hiren Donnéeën erlabe mussen.
D'Firma Wireless Lab gëtt et schonn zanter 2017 a proposéiert mat enger rezenter Foto, ganz intressant optesch Resultater duerch Filteren ze kréien. Zanter e puer Deeg ass den Hype nees zréckkomm wéi bekannt a manner bekannt Leit ugefaangen hunn, sech op den soziale Netzwierker méi al ze maachen. Momentan ass FaceApp déi meescht erofgeluedenen App op Google Play mat méi wéi 100 Millioune Leit, déi se installéiert hunn.

A sengem Bréif freet sech de Senateur, wéi vill Informatiounen duerch dës App un eng Firma geliwwert ginn, déi a Russland baséiert ass an ob dës perséinlech Detailer och net un auslännesche Regierunge geschéckt ginn. Dem Washington Post no kruten all d'Membere vum demokratesche Wal-Comité an den USA eng Email geschéckt, an där recommandéiert gëtt, d'App direkt ze läschen. Dëse Comité këmmert sech ëm d'Kandidaten am Kader vun den US-Presidentschaftswale vun 2020.

Laroslav Gontcharov, de Chef vun der russescher Firma, huet an engem Interview verséchert, dass d'App d'Fotoen net fir aner Zwecker géif benotzen an dass se meeschtens 48 Stonne méi spéit geläscht géife ginn. Hie präziséiert dass, obwuel d'Firma a Russland baséiert ass, Informatioune vun de Leit net dohinner transferéiert ginn.