Hacker hunn an der Nuecht op e Samschdeg esouwuel den Twitter-Account wéi och d'Email-Adress vu Scotland Yard geknackt.

Zum engen goufen policefeindlech Emailen erausgeschéckt, op der anerer Säit goufen op Twitter Revendicatioune verschéckt (1,22 Milliounen Abonnéierter).

An engem Tweet hunn d'Hacker zum Beispill gefuerdert, datt ee Rapper vu 19 Joer, den Digga D fräigelooss gëtt, deen d'lescht Joer festgeholl gouf.

Wéi et vu Scotland Yard heescht, wier nëmmen een externe Service vun der Hackerattack concernéiert, dee Service këmmert sech ëm d'Mailen an d'Kommunikatioun vun der Autoritéit.