Fir de sozialen Drock ofzeschafen, huet Instagram a puer Länner de "Like"-System verstoppt. Dëst, well si och ëmmer erëm an d'Kritik gerode sinn.

Instagram, dat soziaalt Netzwierk wou ee seng Fotoe mat Leit deele kann, huet gemierkt, datt et User ginn, déi sech ob Instagram, ënner Drock gesat fillen. De Chef Adam Mosseri huet ufanks Juli matgedeelt eng nei Funktioun ze schafen, déi géint de Mobbing kämpft.

Parallel dozou test Instagram a 6 verschidde Länner (Australien, Italien, Irland, Japan, Brasilien, an Neiséiland, Kanada) d'Zomm vun de "Likes" net méi ënnert all Foto unzeweisen. D'"Likes" solle soumat nëmmen nach visibel si fir de Besëtzer vun der Foto a soumat de sozialen Drock reduzéieren.

D'Mia Garlick, eng Responsabel vu Facebook sot: "Mir wëllen, dass Instagram eng Plaz ass wou d'Leit sech wuel fillen, fir sech kënnen auszedrécken. Mir hoffen also, dass dësen Test den Drock reduzéiere wäert."

De Problem, datt ee sech schlecht fillt entsteet, wann d'Leit net méi déi Opmierksamkeet op Instagram kréie wéi soss. 2017 huet eng Studie vu "Royal Society for Public Health" Instagram als de schlëmmste sozialen Reseau fir d'Gesondheet vun de Jugendleche klasséiert.

Dass de "Like-System" verschwanne wäert, ass zwar ee gudde Schratt no vir, awer nach net genuch fir dem sozialen Drock, dee Jugendlecher am Alldag erliewen, een Enn ze setzen. Fotoen, déi manipuléiert, inzenéiert a retouchéiert ginn, fir ee perfekt Liewen duerchzestellen, bleiwen drop.