Net nëmmen Uber oder Airbus schaffen drun, fir hiert Gefier an d'Luucht ze bréngen, och d'Japaner vun der Firma NEC si fläisseg am Gaangen.

Déi japanesch Firma NEC, déi virun allem an der Elektronik weltwäit bekannt ass, huet hire Prototyp vun engem Auto dee fléie kann wärend enger kuerzer Minutt fléie gelooss.

De Vol, dee virun allem der Welt weise sollt, dass d'Land och fläisseg bei der Aarbecht ass, gouf ouni Passagéier geflunn. Den Test ass vun der Firma an der Banlieue vun Tokyo op engem speziellen Terrain gemaach ginn. D'Maschinn ass knapp 3 Meter an d'Luucht gaangen.

Hei geet et ëm een eVTOL (electric vertical takeoff and landing), funktionéiert mat enger Batterie a ka wéi een Helikopter vertikal starten oder landen. U sech gesäit d'Gefier aus wéi eng Dron mat 4 Propelleren a gëtt spezifesch fir den Transport vu Persoune gebaut.

D'Firma gëtt vun der japanescher Regierung ënnerstëtzt, déi sech eng féierend Positioun an deem Domän wënscht. Japan soll eng staark Konkurrenz fir Firme wéi Airbus oder Uber ginn. D'Land huet schonn ugekënnegt, eng Generalisatioun vun den Taxien déi fléie kënnen bis 2030 geplangt ze hunn. D'Firma NEC schafft mat Cartivator op dësem Projet, an zesumme kéinten déi zwee Partner d'Masseproduktioun vun dëser Maschinn 2026 starten.