Nodeems déi chinesesch Firma an Amerika op eng schwaarz Lëscht gesat gouf, ass Huawei am Gaangen, zréckzeschloen.

Et gouf vill doriwwer geschwat a spekuléiert, e Freideg war et endlech esouwäit: Huawei huet een OS (Operating System) fir hir Smartphonen offiziell virgestallt. Wéi RTL.lu scho virun e puer Woche geschriwwen hat, heescht den neie chinesesche Betribssystem "Harmony OS".

Fir ze evitéieren, de ganzen Accès zu Android ze verléieren, an esou eng vollstänneg Kontroll iwwer hir Apparater net méi garantéieren ze kënnen, war déi chinesesch Firma fläisseg am Gaangen, eng eege Léisung ze fannen. Schold dru war eng Decisioun vum amerikanesche President Trump, Huawei op eng schwaarz Lëscht an den USA ze setzen. Esou hu Firme wéi Google oder Facebook keng Informatioune méi mat de Chinesen dierften deelen. D'Zukunft vun Android op Huawei-Apparater war also ganz onsécher.

Déi weltwäit Nummer 2 vun de Smartphonen huet hiren OS e Freideg wärend enger Konferenz am Süde vu China offiziell virgestallt. De Richard Yu, CEO vu Huawei huet dat Ganzt presentéiert a kommentéiert: "Mir wëlle méi Harmonie an d'Welt bréngen". Eng konkret Ausso, nodeem senger Firma virgeworf gouf, fir déi chinesesch Regierung ze spionéieren.

Zanter 2012 waren d'Chinesen dobäi, ee Betribssystem z'entwéckelen, allerdéngs sollt et ursprénglech exklusiv fir connectéiert Objete benotzt ginn.

Washington hat ausnamsweis eng Period vun 3 Méint accordéiert, wou nach alles sollt "normal" oflafen. Dës Period soll déi nächst Woch oflafen. Duerno däerfe keng technologesch Produiten aus Amerika u China verkaf oder vermëttelt ginn. E Verbuet, wat och Google betrëfft. D'Entreprise equipéiert mat Android déi meescht Smartphonen op der Welt, dorënner och déi vu Huawei.

Am Ufank sollen déi chinesesch Apparater nach mat der aktueller Versioun vun Android lafen, bis de Besëtzer ee wichtegen Update proposéiert kritt.