Déi amerikanesch Start-up Hyp3r huet esou Fotoen aus den "Stories" gespäichert, déi normalerweis nëmme 24 Stonne laang gehale ginn.

De soziale Reseau Instagram, dee mëttlerweil zu Facebook gehéiert, huet den Accès u seng Plattform fir eng amerikanesch Publicitéit-Firma zougemaach. Hyp3r gëtt beschëllegt, Donnéeë vun de User ouni Erlaabnis benotzt a gespäichert ze hunn, esou Instagram an engem Communiqué.

Business Insider mengt, déi amerikanesch Firma hätt wärend Méint etlech Detailer vu Milliounen Instagram-Usere gesammelt, wéi zum Beispill, wéi eng Plaze besicht goufen (Restaurant, Fitness, Kino, Fluchhafen,...) fir eng ganz spezifesch Beschreiwung vun de Leit ze kreéieren. Duerno konnten Annonceuren dës Informatioune fir hir geziilt Publicitéit benotzen.

Hei goufen och déi sougenannten "Stories" analyséiert a gespäichert, déi Fotoen oder Videoen, déi nëmme fir 24 Stonne visibel sinn, awer net nëmmen: och déi normal Publikatioune goufe méi genee ënner d'Lupp geholl.

Et ass net gewosst, wéi vill Informatioune vun Hyp3r gespäichert goufen. D'Firma war "houfreg" esou eng elaboréiert a präzis Datebank un Donnéeën ubidden ze kënnen. E puer honnert Millioune Leit solle vun dësem Trick betraff sinn. Hei gouf u sech näischt geklaut, d'Plattform gouf net piratéiert an awer verstéisst dës Manéier, un Detailer ze kommen, géint d'Reglement vum Reseau.

Facebook ass zanter e puer Joren am Gaangen, géint Sécherheet- a Privatsphär-Problemer ze kämpfen. Leschte Mount huet de soziale Reseau eng Rekord-Strof vu 5 Milliarden Dollar vun den amerikaneschen Autoritéite kritt, well d'Useren ugelu goufen, wat d'Gestioun vun hiren eegenen Informatiounen ugeet.