Méi luxuriéis, méi performant, mä och méi deier: Déi nei Generatioun vum Brëll krut eng zweet Kamera installéiert, fir elo am 3D kënnen ze filmen.

Matten am August huet Snapchat elo de Spectacles 3 presentéiert, en neie connectéierte Sonnebrëll. Hei kennt d'Technologie wuel keng Grenze méi, well se mat enger zweeter 3D-Kamera nach méi wäit geet.

Den Design vun dëser neier Editioun gouf e Krack besser verschafft, well een och bei Snapchat wëll een op d'Fashion-Well surfen an een anere Public unzéien. Ob fir Fra oder Mann, de Sonnebrëll soll all Mënsch unzéien. D'Montur besteet dobäi aus engem eenzege Inox-Blat, déi net oxidéiert an och méi resistent ass, wéi bei engem normale Brëll.

Zwou Faarwe stinn dem Client zur Auswiel, Carbon oder Mineral. Et kann ee se och um offizielle Site vun der Firma mat engem Code virtuell testen.

Déi zweet Kamera ersetzt eng kleng LED-Luucht a ka bis zu 60 Biller pro Sekonn ophuelen. E méi performante Mikro suergt dobäi fir e propperen Toun. Donieft kann ee mat den zwou Kameraen elo och 3D-Effekter mat abauen. Mat neien RA-Filteren kann een zum Beispill virtuell Déieren an d'Opname bäisetzen.

© snapchat

De Brëll ass net mat engem Bildschierm equipéiert, dat heescht et muss ee sech iwwer Bluetooth oder Wifi connectéieren, fir de Contenu op de Smartphone eriwwerschécken. Logescherweis gëtt hei d'Snapchat-App benotzt, fir dat ze steieren.

Um Site kann ee sech säin 3D-Sonnebrëll elo scho virbestellen, et muss een allerdéngs e bësse méi déif an d'Täsch gräifen. De Präis vum neie Modell läit aktuell bei 370 Euro, amplaz vun 175 Euro. Dofir kritt een eng Këscht matgeliwwert, mat där een de Brëll bis zu 4 Mol opluede kann.

D'Liwwerung ass fir den Hierscht geplangt. Een Nodeel huet déi 3. Generatioun vum Snapchat-Brëll awer nach, de Spectacles 3 ass net waasserfest.