#echsinnhei ass d'Iwwersetzung vun #jagärhar a soll d'Membere vun dëser Beweegung dozou bréngen, de Web méi schéin a méi sécher ze maachen.

D'Mina Dennert, d'Grënnerin vun der Facebook-Grupp #jagärhär, hofft wierklech, dass all déi Leit, déi un eng oppen a fräi Gesellschaft gleewen, opstoe wäerten, wa se mat Haass oder Gewalt um Web konfrontéiert sinn.

Den Hashtag gëtt vun de Leit benotzt, déi zu dëser Communautéit gehéieren, fir géint Haass-Kommentaren oder Desinformatioun op sozialen Netzwierker ze reagéieren. Hei kann a soll all Mënsch matmaachen, egal wéi eng Sprooch benotzt gëtt: #jesuisici, #ichbinhier, #iamhere.

Dës Beweegung gouf 2016 a Schweden gegrënnt a verbreet sech uechter d'Welt mat aktuell 14 Länner, wou se aktiv ass. "Et war virum Brexit, viru Cambridge Analytica an zu deem Zäitpunkt wousst ech net wéi gutt d'Verbreede vu Fake News a vun Haass organiséiert war", esou d'Mina Dennert.

Si gouf a Schweden fir hir Initiativ belount, allerdéngs ass si dacks d'Affer vu Menacen. Ee Joer nom Ufank vum Projet, huet d'Police missen hiert Haus beschützen. Haass oder aggressiv Äusserunge maache 14,3% vun alle Kommentaren op de sozialen Netzwierker aus.

Bei eise franséischen Noperen gouf den 9. Juli ee Gesetzesprojet vun der Assemblée Nationale ugeholl dee virgesäit, dass esou aggressiv a béisaarteg Bemierkunge vun de Plattformen spéitstens no 24 Stonne musse geläscht ginn, nodeems se gemellt goufen.