Verkeefer, déi d'Servicer vun Amazon UK oder USA benotzen, ginn automatesch un e Programm gebonnen, dee fir de gudden Zweck schafft.

Et ass elo also eriwwer mam Verschwenden. Déi amerikanesch Entreprise ass schonn dacks fir hir Manéier kritiséiert ginn, wéi si mat net-verkaafte Produiten ëmgeet. Dem Jeff Bezos seng Firma huet es genuch a wëll d'Zerstéierung vun de betraffene Produite ganz staark limitéieren.

An den USA an a Groussbritannien huet den e-Commerce-Ris e Programm fir Verkeefer lancéiert, déi hire Stock bei Amazon lageren. De Konzept "Fulfillment by Amazon" (FBA) gëtt den 1. September offiziell lancéiert an ass déi eenzeg Optioun fir Verkeefer, déi sech vun engem Deel vun hirem Stock trenne wëllen.

Déi gesammelt Wuere ginn duerch de Grupp "Good360" un etlech amerikanesch ONGen an aner Strukture verdeelt, déi fir de gudden Zweck a Groussbritannien schaffen. Amazon huet an enger Email erkläert, dass dëse Programm zu manner Zerstéierung a Verschwendung féiere soll an natierlech och deene Leit hëllefen, déi dorop ugewise sinn.

An Europa hat Amazon versprach, dass net all onverkaafte Produiten zerstéiert ginn, mä an de meeschte Fäll entweder un aner Clienten, Fournisseuren oder Firmen, déi a Liquidatioune spezialiséiert sinn, verkaaft ginn oder och fir de gudden Zweck verschenkt ginn. All dës Decisiounen hänke vum Zoustand vun de Wueren of.