Déi zwee sozial Reseauen hu méi wéi 1.000 Konte geläscht, déi vu Peking zesummegestallt goufen.

Déi chinesesch Autoritéite sinn net nëmme mat wichtege Moyenen um Terrain aktiv, fir d'Manifestanten zu Hongkong ze berouegen, mä och online soll déi Pro-Demokratie-Beweegung bekämpft ginn. D'Responsabel hunn nämlech ronn 1.000 Twitter- a Facebook-Konte benotzt, fir d'Demonstranten ze splécken an ze diskreditéieren. Dat hunn dës Woch déi zwee Reseaue matgedeelt.

986 Konte goufe vun Twitter suspendéiert, well se am Kader "vun enger Operatioun opgemaach goufen, déi duerch de chinesesche Staat ënnerstëtzt gouf". E Konzept, fir déi politesch Stellung vun den Demonstranten ze schwächen.

Am Ganze solle ronn 200.000 Konte geläscht gi sinn, éier se iwwerhaapt um Reseau aktivéiert goufen.

Facebook huet matgedeelt, 7 Säiten, 5 Konten an 3 Gruppe fir déi nämmlecht Grënn geläscht ze hunn. Alleguer hate se ee Lien mat der Regierung vu Peking.

Twitter wollt awer och nach eng Kéier kloerstellen, dass hire Reseau a China verbueden ass. Dat heescht, dass déi offiziell Autoritéiten iwwer VPN-Reseaue gefuer sinn, fir op der Plattform hir Messagë publizéieren ze kënnen. Hei goufen och speziell IP-Adressen extra fir dës Moossnam vun der Regierung selwer deblockéiert.