Déi kalifornesch Firma bedauert iPhone-Useren ouni hir Erlaabnis ofgelauschtert ze hunn an huet elo konkret Sécherheetsmesurë geholl.

Et ass schonn eng kleng Sensatioun: Apple huet sech entschëllegt an huet net esou gemaach wéi wann näischt geschitt wier, nom Siri Oflauschter-Skandal deen Enn Juli geplatzt war.

Hei goung et ëm privat Gespréicher déi ofgelauschtert goufen, fir d'Verbesserung vum Stëmm-Assistent Siri ze garantéieren. D'Leit goufen net gefrot, krute net Bescheed gesot a konnten näischt dogéint ënnerhuelen. Ufank August huet Apple dee Programm komplett fale gelooss.
An engem Communiqué, deen dës Woch publizéiert gouf, huet dem Tim Cook seng Firma sech bei senge Clienten entschëllegt. Fir esou ee Feeler net méi ze widderhuelen, huet Apple eng Lëscht vu Reegelen erausbruecht, déi se vun elo u ganz strikt respektéiere wäerten:

- Et gi "par défaut" keng Audio-Opname méi vu Siri-Gespréicher opgeholl a gespäichert
- Et kann ee fräiwëlleg beim Verbesserungsprogramm vum Siri matmaachen an och egal wéini ophalen
- Wann een dës Optioun sollt wielen, ginn nëmmen Apple-Employéeën dozou beoptraagt, d'Conversatiounen ze verschaffen. D'Equipe wäert dann esou séier wéi méiglech all déi Elementer läschen, déi Siri ongewollt starten.

Honnerte vun Employéeë goufen an Europa entlooss

Dem Guardian no, déi Britesch Zeitung hat och de Skandal opgedeckt, goufe gläichzäiteg honnerte vu Leit vun Apple a ganz Europa erausgehäit. Et sollen net nëmme Leit sinn, déi fir Sous-traitante schaffen, ma och a verschidde Fäll direkt fir Apple. 
Eleng zu Cork an Irland, do wou Apple säi Sëtz huet, kruten net manner wéi 300 Persoune gekënnegt. D'Mark mam Apel ass net den éischte schlechte Schüler deen erwëscht gouf. Amazon a Google kruten och scho Reproche gemaach, well se diskret verschidde Gespréicher heemlech oflauschteren an heiansdo och späicheren.