Faszinant a grujeleg zugläich. Fuerscher hu bei Déiereversich mat Erfolleg falsch a kënschtlech Erënnerungen implementéiert. No fake News, fake Memories?

Bei Versich, Déiere mat falschen Erënnerungen ze manipuléieren, hu Mais effektiv op Erënnerunge reagéiert, déi si awer net selwer erlieft hunn a konnten op dës Manéier souguer en Elektroschock vermeiden.

Spéitstens mat den Ufäng vu Social Media si fake News näischt Neies méi. Dobäi gi falsch Noriichten op diverse Plattforme publizéiert a manipuléieren esou d'Leit. Fake News sinn e grousse Problem bei der Kommunikatioun an der Gesellschaft. Déi neisten Entdeckunge kéinten elo eng nei Dimensioun erreechen. Fuerscher ass et nämlech gelonge falsch Erënnerunge bei Déiereversich ze implementéieren. Dëst kéint den Ufank vun engem Fake Memory Zäitalter ginn.

Am "Nature Neuroscience Journal" gouf eng Etüd publizéiert, déi interessant Abléck an d'Kreatioun an d'Implementéierung vu kënschtlechen Erënnerunge gëtt. Bei der Etüd si Mais mat zwee verschidde Gerécher manipuléiert ginn, wou ee mat liichten Elektroschocke verbonne war. Mat Hëllef vun "Optogenetik" sinn dës Erënnerungen dunn anere Mais a Form vun optesche Faseren ageplanzt ginn, déi dann am Gehir mat liichtempfindleche Proteinne speziell Neurone stimuléieren. D'manipuléiert Mais hunn dunn de Geroch, dee mat den Elektroschocke verbonne war evitéiert, obwuel si dës Erfarung selwer virdrun net gemaach hunn.

Ma sou spannend dat alles kléngt, dës Entdeckunge kënne genau esou geféierlech sinn. Wann dës Method nämlech an déi falsch Hänn geréit, kann et fir Manipulatioune genotzt ginn. D'Etüd huet och gewisen, dass een Erënnerunge läschen an duerch neier ersetze kann. Dëst kéint awer ënner Ëmstänn souguer eng positiv Verwendung hunn. D'Fuerscher gesinn dodran nämlech d'Méiglechkeet traumatesch Erliefnisser ze läschen an deene Betraffenen esou d'Liewen z'erliichteren.

D'Fuerschunge sinn den Ament am Ufanksstadium a missten nach iwwerpréift an ausgewäert ginn.