Eng Première: D'Elite vun der Gendarmerie Nationale huet et fäerdegbruecht, e weltwäite Reseau ze stoppen, dee scho wichteg Infrastrukturen ugegraff hat

Dës e-Gendaarmen, déi permanent op der Sich no Brigange vum Netz sinn, hunn e ganze Reseau vun infizéierte Computeren neutraliséiert, dee vu Pirate benotzt gouf, fir weltwäit Attacken ze lancéieren.

Bannent 4 Joer huet de "Wuerm" Retadup (dee Fichier, dee benotzt gëtt, fir eng Maschinn ze infizéieren) d'Kontroll vun iwwer 850.000 Computeren op der ganzer Welt iwwerholl. De franséische Gendaarmen ass et du gegléckt, dës Maschinne vum Virus ze befreien an esou de béisaartege Reseau auserneenzehuelen.

Bis elo goufen d'Hackere selwer net fonnt oder identifizéiert, verschidde Sourcen déi bei der Enquête matgemaach hunn, schwätze vun enger osteuropäescher Organisatioun déi awer hire Sëtz zu Paräis soll hunn. Do hu se nämlech de sougenannte Kontrolltuerm mat verschiddene Servere fonnt. Vun do aus goufen déi infizéiert Maschinnen, déi um ganze Planéit verdeelt waren, gesteiert, fir hir Attacken duerchzeféieren.

Institutiounen, wichteg a kritesch Infrastrukturen oder Gesellschafte gehéieren zu den Ziler vun dëser onéierlecher Organisatioun. Spideeler waren ënner anerem Affer vum Reseau. Bei hinne waren Donnéeë vu Leit geklaut ginn.

Duerch Emailen oder USB-Sticken huet sech de Virus ganz einfach verbreet a multiplizéiert. De Proprietär vun der infizéierter Maschinn huet näischt gemierkt well hei keng Donnéeë geklaut goufen, allerdéngs gouf säi Computer benotzt, fir d'Attack ze verstäerken.

Genau sou hunn déi franséisch Elite-Gendaarmen, déi op Cyberkriminalitéit spezialiséiert sinn, de System benotzt, fir all eenzel Maschinn nees ze botzen a vum "Wuerm" ze befreien.