De Kont vum Jack Dorsey, dem Chef vum soziale Reseau Twitter, gouf e Freideg gehackt.

Um Account ware bemol rassistesch Tweets opgetrueden. Och Beleidegunge goufen diffuséiert. Twitter géif de Virfall genee préiwen, huet et vun der Firma geheescht. Datt d'Tweets mam Hashtag "ChucklingSquad" markéiert waren, léisst dorobber schléissen, datt Hacker hannert der Dot stiechen.