Déi nei USB-Norm gouf dës Woch guttgeheescht a wäert am Laf vun den nächste Méint ëmmer méi präsent ginn.

Aktuell benotze modern Apparater USB 3.1 oder USB-C, déi nei Generatioun vu Computeren, Smartphonen, Tabletten oder aner connectéierten Objete wäerte vun der neier Norm profitéiere kënnen. Den USB Implementers Forum, d'Organisatioun, déi d'Entwécklung vum USB fërdert an ënnerstëtzt, huet déi 4. Generatioun virun e puer Deeg approuvéiert.

Etlech technesch Detailer goufe vun hinnen ugekënnegt, USB 4 misst geschwënn den neie Standard vun der Connectivitéit ginn. Lauter Verbesserunge goufen agefouert, wéi zum Beispill eng gréisser Vitesse fir Donnéeën ze transferéieren, wéi déi aktuell. Déi nei Norm gesäit eng duebel Spur vu bis zu 40 Gb/s (Gigabit pro Sekonn) duerch den Thunderbolt 3 Protokoll vir. Déi nei Versioun funktionéiert dann och mat USB 3.2, USB 2.0 an Thunderbolt 3.

USB 4 Steckere behalen d'Form an den Design vum USB-C, esou muss een net ëmmer sichen, wou ënnen an uewen ass, wéi dat esou dacks de Fall beim "ale" USB-Standard ass.

Déi nei Norm ass prett, fir benotzt an agebaut ze ginn. Allerdéngs wäert een nach e bësse waarde mussen, bis dass d'Produzente vu Smartphonen oder Computeren dat Ganzt wäerte benotzen. Normalerweis missten déi éischt Produiten mat USB 4 am Laf vum nächste Joer disponibel sinn.