Mam Projet, deen den Ament nach op "Kickstarter" finanzéiert gëtt, kënnen net nëmme vill Sue gespuert ginn, mä och eng méi nohalteg Welt gefërdert ginn.

Eleng an Amerika ginn all Dag ronn 10 Millioune Batterien ewechgeheit. Fir dës Material-Verschwendung ze evitéieren, hunn d'Membere vu "Pale Blue" en ëmweltfrëndlecht Konzept entwéckelt: Batterien, déi ëmmer nees kënnen opgeluede ginn. Een eenzege Pak "USB rechargeable LiPo" ka bis zu 4000 Alkali-Batterien ersetzen.

"Pale Blue" sinn net déi éischt, déi nohalteg Batterien hierstellen. Allerdéngs léisst sech de Lithium Polymer (LiPo) vill méi séier oplueden. Déi gewéinlech NiMh-Batterien (Nickel-Metallhydrid) brauche 5 Mol méi laang.

Nieft de Batterië gëtt e spezielle Kabel mat 4 Mikro-USB-Steckere matgeliwwert, fir dass se alleguer kënne gläichzäiteg opgeluede ginn. E spezielle Chargeur ass net noutwenneg, e klassesche Mikro-USB-Kabel erfëllt säin Zweck och.

Praktesch ass dës Iddi virun allem fir Leit, déi vill ënnerwee sinn, ob Camping, Trëppeltour oder Reesen. Esou ka vill Gewiicht gespuert ginn.

Et gëtt esouguer doriwwer nogeduecht, fir d'Konzept nach méi gréng ze maachen: D'Opluetstatioun kéint un eng Solaranlag ugeschloss ginn.

Bis Mëtt September kann de Projet "Pale Blue" op "Kickstarter" mat-finanzéiert ginn. Déi 10.000 Dollar, déi néideg sinn, fir mat der Produktioun ufänken ze kënnen, goufen awer scho laang iwwerschratt. E Freideg waren scho méi wéi 243.000 Dollar zesummekomm.