Nodeems de Mann de 7. November 1997 verschwonne war, hat kee Mënsch domadder gerechent, datt hien eng Kéier géing erëmfonnt ginn.

U sengem leschten Owend hat de William Moldt eng Bar zu Lantana a Florida besicht. Nodeems hien d'Lokal géint 21.30 Auer verlooss hat, hat hie senger Frëndin nach kuerz ugeruff a gesot, datt hie geschwënn doheem wier. Ukomm ass de 40 Joer ale Mann awer ni.

Wärend 22 Joer gouf et kee Liewenszeeche vum Vermëssten. Net emol seng Famill oder seng Kollege woussten, ob him eppes zougestouss wier oder net.

Leschte Summer wollt en Awunner vu Wellington, enger Stad nieft Lantana, mat Hëllef vu Google Maps kucken, wéi säi Grondstéck vun uewen ausgesäit. Um Satellittebild huet hien e Fleck a sengem Weier bemierkt, deen awer net däitlech um Bild ze erkenne war. Doropshin huet hien zesumme mat sengem Noper an deem senger Dron probéiert erauszefannen, wéi ee mysteriéise Géigestand et wier.

© google maps

Mat den Opname vun der Dron konnt constatéiert ginn, datt en Auto am Weier ënnergaangen ass. Fir genau ze sinn: D'Gefier vum William Moldt, vun deem et 22 Joer laang kee Liewenszeeche gouf.

Am Auto huet d'Police e Skelett fonnt, deem seng DNA mat där vum Mann iwwerteneegestëmmt huet, deen zanter méi wéi zwee Joerzéngte verschwonne war. D'Ursaach vum Accident wäert wuel ni gekläert ginn.