De Grënner vun der gréisster e-Commerce-Säit vun der Welt wëll och säin Deel am Klimaschutz bäidroen.

Dem Jeff Bezos, Grënner vun Amazon a räichste Mann vun der Welt, säi Wonsch ass, d'Paräiser Ofkommes 10 Joer méi fréi ze toppen. Zesumme mat senger Firma, huet hien de Startschoss vun enger Campagne géint d'Äerderwäermung ginn.

Hien huet wärend enger Konferenz zu Washington präziséiert, dass et säin Engagement wier, d'Paräiser Ofkommes 10 Joer méi fréi ze erfëllen. Amazon wier déi éischt Firma op enger Lëscht wou nach aner grouss Nimm vun der Welt misste bäikommen an esou hir Influenz an hir Gréisst benotze mussen, fir de richtege Wee ze weisen.

Fir säin Zil ze erreechen, huet hie matgedeelt, dass Amazon bis zu 100.000 Elektro-Camionnetten bei der amerikanescher Firma Rivian bestelle géif. Déi éischt Gefierer misste vun 2021 un asazbereet sinn.

Déi ganz Flott misst bis 2030 weltwäit verdeelt ginn, esou ee Pressespriecher vun der Grupp. De CEO hat virdrun nämlech vun 2024 geschwat, allerdéngs wier dat net ganz realistesch.

Dozou huet de Jeff Bezos och bestätegt, dass seng Firma een Don vu 100 Milliounen Dollar géif maachen, fir nees Beem ze planzen, wou Bëschbränn alles zerstéiert hunn. Dat Ganzt soll an Zesummenaarbecht mat der nordamerikanescher ONG Nature Conservancy geschéien.