Den däitsche Software-Produzent "Teamviewer" geet un d'Bourse an dat kéint potentiell dee gréisste Gang un d'Bourse an Däitschland sinn, zanter 20 Joer.

D'Teamviewer-Software gëtt genotzt, fir op Distanz Accès op Computeren ze kréien, fir zum Beispill kënne Problemer ze behiewen. Bis ewell leeft de Programm weltwäit schonn op ronn 340 Millioune Computeren.

Sollten déi 84 Milliounen Aktien zum Héchstpräis verkaaft ginn, kéint d'Entreprise iwwert dee Wee 2,3 Milliarden Euro erakréien.

D'Firma, déi 2005 an der Géigend vu Stuttgart gegrënnt gouf, beschäftegt haut ronn 800 Mataarbechter uechtert Europa, Asien an d'USA.