D'App, fir seng Biller ze späicheren an ze zortéieren, krut an de leschte Woche lauter nei Funktiounen.

Déi ganz populär App "Photos" vu Google gëtt permanent weiderentwéckelt, wéi mat enger Sichfunktioun, fir Biller méi einfach erëmzefannen. Esou kann een zum Beispill eng Foto sichen unhand vun deene Saachen, déi sech dorobber befannen. Dësen neie System ass zanter Enn August disponibel.

Ähnlech wéi bei der Facebook-Konkurrenz Instagram kann een och elo Erënnerungen a Form vu "Storyen" eroplueden a mat sengem Entourage deelen. Geschwënn wäert et och méiglech sinn, déi gedeelte Fotoen an engem private Gespréich ze schécken a festzehalen.

Bis elo konnte Biller, Videoen an Albume fir aner Leit fräigeschalt ginn oder un ausgewielte Kontakter mat enger Email verschéckt ginn. Eréischt do konnt ee mat enger Bemierkung reagéieren. Duerch den neien Chat sollen d'Leit direkt mateneen austauschen a reagéiere kënnen.

Google huet allerdéngs nach net präziséiert, wéini dës nei Funktioun op der App lancéiert soll ginn. Gutt informéiert Quelle schwätze vun den nächste Wochen oder Méint, duerno muss ee kucken, ob dësen neien Chat-Service sech duerchsetze wäert, een ähnleche System gouf och viru Kuerzem op der Video-Plattform YouTube agefouert.