Déi éischt 8K-kompatibel Produite goufe scho presentéiert an dat obwuel dat neit Format eréischt dës Woch vun der Industrie definéiert gouf.

D'Consumer Technology Association (CTA) huet endlech den neie Standard vum 8K-Videostandard fir Televisioune fäerdeggestallt. Hei gëtt eng Opléisung versprach, déi 4 Mol esou héich ass wéi d'4K. Den neien offizielle Logo kann eréischt vu Januar un op Produite benotzt ginn, fir de Konsumenten ze hëllefen, dat ze fannen, wat se wierklech brauchen.

© CTA

Aus technescher Siicht gëtt et bei der Spezifikatioun keng grouss Iwwerraschung, well d'CTA déi Detailer benotzt huet, déi scho fir d'8K-Entwécklung matgedeelt goufen.

Dat Wichtegst ass wuel d'Opléisung vu 7680 (horizontal) x 4320 (vertikal) Pixel mat engem Format vu 16:9. Eng 10-Bit-Déift an de Faarwe muss allerdéngs vun den Apparater ugebuede ginn, esou wéi och op d'mannst een HDMI-2.1-Uschloss fir dës Opléisung. Ee Rhythmus vu 24, 30 oder 60 Biller pro Sekonn muss och ënnerstëtzt sinn.

D'Tëleeën, déi vum 1. Januar 2020 u mam offiziellen 8K-Logo op de Maart kommen, mussen och SD-, HD- a 4K-Videoe liese kënnen a se mat enger 8K-Opléisung uweisen.

Sony, Sharp, TCL, LG a Samsung hunn dëst Joer scho verschidden TV-Modeller mat 8K-Technologie virgestallt, Huawei misst deemnächst och een ähnleche Produit proposéieren.