Fir d'Notzerzuel unzekuerbelen, sollen d'Dating-Appen Tinder an OkCupid falsch Profiller vu Männer a Fraen kreéiert hunn.

Den US-amerikanesche Konsumenteschutz FTC huet Tinder an OkCupid wéinst presuméierter User-Täuschung verklot. Mat falsche Profiller an Noriichte goufen eng Abberzuel Abonnenten hannert d'Liicht gefouert.

Tëscht Juni 2016 a Mee 2018 hätte 499.700 Notzer an engem Zäitraum vu 24 Stonnen e Premium-Abo kaf, nodeems si op d'mannst eng positiv Réckmeldung vun engem falschen Heidi Klum am jonken oder engem Prince Charming kritt hätten.

Dating-Portaler dierften nom FTC ni op déi sougenannte "Schwindel-Romantik" zeréckgräifen, fir e maximale Gewënn erauszeschloen. Match.com, d'Société mère vun Tinder an OkCupid, weist all Virwërf zeréck. D'Entreprise hätt esouguer ronn 55 Milliounen Euro ugebueden, fir de Prozess bäizeleeën. "Bedruch wier net gutt fir d'Geschäft", sou Match. Et wier hinnen an den éischte 4 Stonne gelongen, 85% vun de potenzielle Fake-Profiller ze läschen.