D'Maschinn kann och benotzt ginn, fir op aner Plazen am Sonnesystem ze fléien.

De CEO vu SpaceX huet d'Entwécklung vum Raumschëff e Samschden den Owend virgestallt.

Bis zu 100 Leit kënnen an dësem "Starship" fir méi laang Flich Plaz huelen, esou SpaceX op Twitter. Duerch déi grouss Kapassitéit vum Raumschëff kënnen esouwuel Passagéier wéi och Gidder transportéiert ginn.

Den Elon Musk hat seng Pläng verëffentlecht, fir de Mars ze koloniséieren an eng Millioun Leit dohinner ze bréngen. Wann alles klappt, mengt hien, dass déi éischt Passagéier 2025 a Richtung Mars fléie kënnen.

Allerdéngs gesäit d'Nasa déi Saach liicht aneschters, déi amerikanesch Weltall-Agence mengt, d'Präsenz vu Mënschen op Mars wier net virun 2030 méiglech.