Keng Zäit, fir Honnerte vu Säiten an engem Roman oder Sachbuch ze liesen? Mat der Smartphone-App Blinkist kann den Notzer Bicher liesen, ouni se ze liesen.

Ee vun de Schwéierpunkten an der Fuerschung a Wëssenschaft ass et, de Mënschen d'Liewe méi einfach ze maachen. Dat gëllt och fir de Liesprozess. Et gëtt eng Abberzuel u Wierker aus dem Kanon, déi jiddereen eng Kéier soll oder wëll gelies hunn, awer keng Zäit dofir fënnt, - vun der Bibel bis hin zu dem Freud senger "Traumdeutung" oder dem Homer senger "Odyssee". Eng App vun enger Berliner Entreprise wëll dëse Mammutprojet erméiglechen.

Zanter 2012 verëffentlecht Blinkist op véier bis sechs DinA4 Säiten déi wichtegst Käraussoen an Deitungen aus décke, weltbekannte Sachbicher. D'Zesummefaassunge kritt d'Entreprise vun Doktoranden an Experten aus verschiddene Beräicher.

Déi néidegst Informatiounen aus dem Jennifer Senior sengem "Himmel an Hell" ginn zum Beispill op dësem Wee kuerz a knackeg beschriwwen: "D'Liewe mat Kanner wäert méi ustrengend sinn, wéi s du et dir virstells. Si engen dech an, bréngen deng Partnerschaft a Gefor a klauen dir de leschten Nerv. Awer d'Kanner sinn dat Schéinst, wat dir an dengem Liewe geschéie kann." Fir Studenten, Schüler, Leit, déi net gär liesen oder Persounen, déi iwwerall hire Pefferkär wëlle bäidroen, ass d'App Blinkist genau dat Richtegt.

Vill Mënsche fannen dëst Konzept allerdéngs bedenklech, wann net esouguer geféierlech. D'App funktionéiert wéi eng "Dialektik fir Dummies": Mënschen, déi net den Effort wëlle maachen, sech grëndlech mat engem Thema auserneenzesetzen, gi fir hir Lidderegkeet belount. D'App presentéiert Inhalter op engem sëlwer Plateau. Dat, wat an de Bicher steet, gëtt net méi kritesch hannerfrot, mä just nach als wichteg a richteg opgeholl. D'Literatur ass also kee Medium méi, mat deem sech de Lieser genësserlech auserneesetzt, mä de Konsument wëll just nach esou vill wéi méiglech Bicher a kuerzem Zäitraum verschléngen.

Et ass awer net ze bestreiden, dass d'App de User e gudden Iwwerbléck iwwert Bicher erméiglecht, och wa se de Prozess vum Liesen an de Genoss an d'kritesch Reflexioun, déi domat verbonnen ass, net ersetzt.