De Contenu vum Online-Forum, deen 2001 an d'Liewe geruff gouf, gëtt an den nächsten Deeg geläscht.

D'Säiten, op déi een an der Vergaangenheet zeréckgegraff huet, fir ze kommunizéieren oder Fichieren ze deelen, verléieren ëmmer méi un Attraktivitéit a gi bal net méi benotzt. Sozial Medien hunn d'Aarbecht vu Foren iwwerholl, déi virun e puer Joer nach am Trend waren.

Wéi an engem offizielle Communiqué vu Yahoo matgedeelt gouf, kënne vum 21. Oktober u just nach Texter op der Säit verschéckt ginn. De 14. Dezember ginn dann etlech Contenue geläscht, wéi Fichieren, Sondagen, Fotoen, Kalenner, Datebanken, E-Mailen, Gespréicher an de Verlaf vu Conversatiounen.

Et gëtt bal alles vum Server erofgeholl, an och wann et momentan nach méiglech ass, fir a private Gruppe mateneen ze schreiwen, ass et zimlech kloer, datt dësen Zerwiss net méi laang iwwerliewe wäert.

Leit, déi an esou enger Grupp Member oder Manager sinn, kënnen all d'Donnéeën iwwert d'Privatsphär-Astellungen zeréckkréien an erofhuelen. Fotoen a verschidde Fichiere kënnen direkt an der Grupp erofgeluede ginn.

"Yahoo! Groups" ass ee vun den Affer vun der rezenter technologescher Entwécklung. Virun 2 Joer gouf Yahoo vu "Verizon Communications" fir 4,5 Milliarden Dollar deelweis opkaaft a probéiert sech iwwer Waasser ze halen. Den Ament gëtt no Léisunge gesicht, fir d'Käschten ze reduzéieren. Am Alexa-Klassement vun allen Internetsäite weltwäit bleift Yahoo ëmmerhin nach op der 10. Plaz, och wann d'Leit ëmmer méi Interessi doru verléieren.