An de soziale Medie gräifen ëmmer méi dacks onseriö Säiten op Logoen oder Biller vu Medien zeréck, fir hir Publicitéit seriö ausgesinn ze loossen.

Esou krute mer rezent e Post erageschéckt, wou d'Säit "Doli" mat engem Screenshot aus dem RTL-Journal Reklamm fir sech an hir "Produiten" mécht. Hei gëllt et op verschidde Saachen opzepassen.

Als RTL poste mir eis Saachen op Facebook ëmmer selwer, respektiv iwwerhuele Poste vun eise Kollege vun RTL Today oder RTL 5Minutes. Grad wann et sech ëm "Sponsored Content" handelt, kënnt et direkt vun enger vun dësen 3 Facebooksäiten. Weider fënnt een an eise Posten ni e Link op eng aner Säit (dësem Fall Go.Com) wéi op RTL.lu, today.rtl.lu oder 5minutes.rtl.lu.

E weideren Indice, datt dës Säit net vun eis kënnt, ass de Logo uewen am Eck. Wann een iwwerhaapt e Logo op eise Fotoen a Videoe gesäit, ass dësen nees de bekannte roude Logo vun RTL Lëtzebuerg, respektiv d'Versioune mat RTL Today an RTL 5Minutes.

Dëst gëllt awer net nëmme fir RTL Lëtzebuerg, mä och fir vill vun eisen nationalen an auslännesche Kollegen. Dofir gëllt et op de soziale Medien opzepassen, fir net op falsch Säiten oder falsch Publicitéiten eranzefalen.

Falls en Doute besteet, kann een ëmmer op dem Internet-Site vum Provider kucken, ob si och do direkt Reklamm fir esou ee Gewënnspill maachen respektiv direkt beim Provider nofroen. Esou kënnt Dir zum Beispill bei engem zweiwelhaften RTL-Gewënnspill eis direkt op Facebook kontaktéieren.