Millioune User deelen en Netflix-Account mat Familljememberen oder Frënn. Domat soll deemnächst allerdéngs Schluss sinn.

Wann ee bedenkt, wéi vill een ausgëtt, fir owes kënne Serien oder Filmer ze kucken, kënnt zum Schluss vum Joer eng grouss Zomm zesummen. Grad dowéinst ass et praktesch, wann een de Kont mat e puer Leit deele kann.

Aus finanzieller Siicht stellt dëst awer en Nodeel fir Netflix duer. Enger CNBC-Etüd aus dem Joer 2018 no deelen eleng an Amerika 35% vun den Notzer hiren Account mat Frënn oder hire Kanner. Hätten déijéineg alleguerten en eenzelen Account, géing de Streaming-Gigant Honnerte Milliounen Dollar d'Joer méi verdéngen.

Bei de befrote Persounen ënner 21 Joer hu bal alleguerten uginn, datt si vum Abo vun engem Bekannte géinge profitéieren. Mat Bléck op d'Zukunft ka sech Netflix net op déi jonk Generatioun als Client verloossen, well dës bei anere Persoune gratis oder méi bëlleg "matstreamen".

D'Konkurrenz um Streaming-Marché vun Disney oder Apple vereinfacht d'Situatioun net onbedéngt, well béid en däitlech méi bëllegen Abo ubidden, vun deem e puer filmbegeeschtert Leit gläichzäiteg profitéiere kënnen. Wann de Streaming-Déngscht sech wierklech dofir entscheede soll, d'Deele vum Account ze ënnerbannen, besteet de Risiko, datt si vill Clientë vergraulen, déi streng geholl näischt falsch maachen.

Den Ament ass nach net gewosst, ob a wéi Netflix géint den Account-Sharing virgoe wäert.