Den US-Verdeedegungsministère wëll eng Cloud fir vertraulech Militärdaten opbauen. Den Zouschlag krut elo iwwerraschend Microsoft.

Als Favorit hat bis ewell Amazon gegollt. Am Optrag vum Pentagon geet et ëmmerhin ëm e Budget vun 10 Milliarden Dollar an d'Lafzäit ass op 10 Joer festgehale ginn.

Nieft Microsoft am Amazon, haten och nach Oracle an IBM ëm den Optrag mam Numm JEDI (Joint Enterprise Defense Infrastructure Cloud) gekämpft. Oracle an IBM waren awer scho fréizäiteg eliminéiert ginn.

Bei Amazon huet ee sech iwwert d'Decisioun vum Pentagon iwwerrascht gewisen. De Firmechef Jeff Bezos huet zanter längerer Zäit Sträit mam President Donald Trump. De Bezos ass de Besëtzer vun der Zeitung Washington Post, déi den Trump ëmmer nees kritiséiert. An engem Communiqué vun Amazon heescht et, dass d'Entscheedung wuel anescht ausgefall wier, wa sech reng op d'Fakte vun den Offere bezu gi wier.