Am Kader vun "Stop Killer Robots" huet ee friddleche Roboter eng Delegatioun begleet, déi virun der UNO opgetrueden ass.

Den "David Wreckham", ass ee Roboter, dee vum britesche Fuerscher Ray Tait 2003 gebaut gouf. Säi Papp huet sech beim David Beckham fir den Numm ganz kloer inspiréiert a viru Kuerzem decidéiert, senger Maschinn een neit Liewen mat engem neien Zil ze ginn. Den David Wreckham ass elo een Deel vun der "Stop Killer Robots"-Campagne, eng Koalitioun vu verschidden ONGen, déi zanter sechs Joer géint Roboter kämpft, déi Leit ëmbréngen.

Dës Koalitioun huet eng Delegatioun op New York bei d'UNO mam friddleche Roboter als Representant geschéckt. Zesumme mam Izumi Nakamitsu, Generalsekretärin Adjointe vun der UNO an der Friddensnobelpräisgewënnerin Jody Williams, wëlle se géint eng Verbreedung vun automatesche Waffen op der Welt plaidéieren.

Verbuet vu Killer-Roboteren a chemesche Waffen

International Representante wäerten d'Delegatioun treffen, fir dem David Wreckham seng Warnung ze héieren: zukünfteg Robotere wäerten net esou friddlech si wéi hien.

2017 gouf scho virun dëser geféierlecher Technologie gewarnt an 2018 gouf eng Charta vu méi wéi 2.400 Persounen ënnerschriwwen, dorënner och de mächtegen Elon Musk an ee Member vun der Uni Lëtzebuerg. D'Zil war, grouss Entreprisen ze iwwerzeegen, keng autonom Maschinnen ze bauen, déi Leit ëmbrénge kënnen. Der Organisatioun "The Future of Life" no, déi dës Aktioun an d'Liewe geruff huet, kéinten dës Systemer de Wee fräi maachen, fir eng nei Generatioun vu Waffen, déi eng massiv Zerstéierung erméiglechen.

Am Kader vun dësem Engagement, haten d'Persounen, déi d'Charta ënnerschriwwen hate, versprach d'Entwécklung, de Bau oder d'Vermaartung vun esou Strukturen net ze ënnerstëtzen.

Hirer Meenung no wier d'Iddi inakzeptabel, dass eng Maschinn ouni den Accord vun engem Mënsch eng Persoun kéint ëmbréngen. Den David Wreckham wäert dës Iddi bei der UNO verdeedegen an eng friddlech Weiderentwécklung vu Robotere fuerderen.