Mat Kultserië versicht WarnerMedia de Public fir HBO Max ze begeeschteren, deen am Mee 2020 an den USA op de Marché kënnt a 14,99€ de Mount kascht.

Viru Kuerzem gouf ugekënnegt, datt den neie Streaming-Déngscht "House of the Dragon" ausstrale wäert, eng Serie, déi un den Universum vu "Game of Thrones" uknëppt. Och populär Filmer wéi "Batman" wäerten diffuséiert ginn. Net ze vergiessen d'Looney Tunes, déi och hautdesdaags nach Kleng a Grouss begeeschteren.

Nieft "The Big Bang Theory" krut WarnerMedia och d'Rechter, fir déi 23 Staffele vu "South Park" weisen ze dierfen.

Am Ganze ginn 10.000 Stonnen Entertainment ugebueden.

Bis 2025 erwaart sech WarnerMedia tëscht 75 an 90 Milliounen Notzer an den USA, Latäinamerika an an Europa. Déijéineg, déi d'Chaîne HBO schonn abonnéiert hunn, hunn automatesch Zougang zu HBO Max.