De soziale Reseau well net ënnerstëtzen, dass Leit fir Geld politesch Messagen op Twitter verbreede kënnen.

De CEO vum Reseau Jack Dorsey huet e Mëttwoch matgedeelt, dass am Kader vun der US-Presidentschaftswal Twitter vum 22. November u keng Reklamme méi uweist, déi e Lien zu politeschen Inhalter hunn. Den Jack Dorsey ass der Meenung, dass Politiker hir Audienz verdénge mussen, amplaz se ze kafen.

Eng ganz aner Strategie wéi déi vu villen anere sozialen Netzwierker. Facebook gëtt zum Beispill fir säin Impakt virun a wärend de Wale kritiséiert. Et ginn dacks Fake news oder Rumeure publizéiert, wat fir Twitter net akzeptabel ass.

De Mark Zuckerberg, CEO vu Facebook, huet d'Diffusioun vu politesche Messagen verdeedegt, iwwerdeems hien op d'Meenungsfräiheet verweist, och wa falsch Informatiounen dobäi verëffentlecht ginn. Facebook steet nach ëmmer ënner Verdacht, russesch Propaganda am Laf vun den amerikanesche Presidentschaftswale vun 2016 ënnerstëtzt ze hunn, déi dem Donald Trump zu senger Victoire verhollef huet.

Amerikanesch Kandidaten, wéi d'Elizabeth Warren oder den Joe Biden hunn d'Entscheedung vu Facebook, de politesche Contenu net grëndlech ze kontrolléieren, staark kritiséiert. D'Decisioun vun Twitter gouf dowéinst vum Joe Biden begréisst.