De Pionéier am Beräich vun den Fitness-Auere Fitbit hat an der Lescht schlecht Geschäfter gemaach.

Elo iwwerhëlt Google d'Firma fir gutt zwou Milliarden Dollar. Den Internet-Gigant bezilt also 7,35 Dollar pro Aktie. Fitbit ass 2015 op d'Bourse gaange mat engem Präis vun 20 Dollar pro Aktie.

Dësen Deal werft Froen op, well d'Internerfirma Google domadder immens vill privat Gesondheetsinfoen iwwer d'Usere vu Fitbit kritt. Google huet direkt reagéiert a matgedeelt, dass si keng Informatioune vun de Clientë géinge benotzen, fir Publicitéiten ze placéieren.