De Schluss vum Support ass fir den 1. Dezember virgesinn.

An e puer Wochen ass et eriwwer, da gëtt d'Streaming-Plattform net méi vu verschidden Apparater vum koreanesche Produzent ënnerstëtzt. D'Netflix-App verschwënnt da vun hirer Samsung-Tëlee.

Op der offizieller Säit vu Samsung gouf ugekënnegt, dass Netflix net méi op eelere Modeller wäert funktionéieren. Dofir ginn et awer aner Léisungen, fir weider vum Video-Streaming um Ecran profitéieren ze kënnen.
De Communiqué schwätzt vun "techneschen Limitatiounen", déi verschidde Modeller vu Samsung-Tëleeën betreffen.

Nom 1. Dezember kann Netflix weider iwwer aner Apparater gekuckt ginn, déi un d'Tëlee ugeschloss ginn. Leider gëtt awer an deem Kontext keng Lëscht publizéiert vun de Modeller, déi vum Problem betraff sinn.

D'App selwer kéint deemnächst eng Warnung uweisen, wann de Support tatsächlech net méi ënnerstëtzt gëtt. An deem Fall ginn et effektiv aner Léisungen, wéi zum Beispill eng HDMI-Multimedia-Léisung wéi Chromecast, Amazon Fire TV oder Apple TV, eng rezent Spill-Console wéi d'Playstation 4, Xbox, TV-Boxen oder och nach een Decoder.

Post Luxembourg ass aktuell am Gespréich fir Applikatiounen wéi Netflix an d'Offer vun der Tëlee vun der Post bäizesetzen.