D'Kaart gouf am August mat der Bank Goldman Sachs lancéiert a steet scho ferm ënner Kritik, well se Fraen diskriminéiere géif.

Den Departement vun de finanzielle Servicer am US-Bundesstaat New York huet e Samschden eng Enquête wéinst dëse Reprochen opgemaach. D'Polemik huet leschten Donneschdeg ugefaangen, wéi ee Mann etlech Tweete publizéiert huet, fir d'Tatsaach ze denoncéieren, dass seng Limitt 20 Mol méi héich wier wéi déi vu senger Fra, déi eng besser Kredit-Situatioun huet.

De Mann huet gemengt, de Programm vun der Apple Card wier ganz kloer sexistesch. Hien huet ënnerstrach, dass Leit bei Apple intervenéiert sinn, fir senger Fra hir Limitt eropzesetzen, allerdéngs hu Representante vun der Firma zu Cupertino a vu Goldman Sachs erkläert, dass d'Kredit-Limitte vun der Kaart vun engem Algorithmus automatesch decidéiert ginn. Eng mënschlech Interventioun wier an deem Fall ganz einfach onméiglech.

"Apple kann a sollt et besser maachen, wéi et bis elo de Fall ass", esou de Mann an engem Blog-Post, deen e Méinden online gaangen ass.

E Samschden huet dann och de Steve Wozniak, Matgrënner vun Apple, säin Temoignage ofginn. Och wann hien a seng Fra déi selwecht Konte benotzen, ass senger Fra hir Limitt 10 Mol méi niddreg wéi seng.

Dës Sexismus-Beschëllegungen hunn offiziell Servicer vum US-Bundesstaat vun New York dozou bruecht, eng Enquête iwwer d'Praxis vun der Bank Goldman Sachs an deem Beräich opzemaachen.