Dat klengt Stéck Pabeier, wat een als Rechnung fir verschidden Akeef kritt, kéint an e puer Méint verschwannen.

Den Ticket, deen een als Rechnung kritt, ass net grad gutt fir d'Ëmwelt. Ee Supermarché benotzt der am Duerchschnëtt ronn 849 Kilometer pro Joer.

Dat kéint 2020 änneren: Bei eise franséischen Noperen ass den Ticket an engem Kleederbuttek elo schonn net méi obligatoresch. D'Rechnung kann iwwer Email verschéckt ginn, et gi lauter Avantagë fir de Client awer och fir de Buttek.

Ee Gesetzprojet ass an der Maach.