Offiziell ass de Black Friday dëst Joer den 29. November, allerdéngs proposéiere scho lauter Online-Butteker Reduktioune vum 25. November un.

Zanter 2005 ass de "schwaarze Freideg" och an Europa ee wichtegen Dag fir Konsumenten a Firmen, déi wärend 24 Stonne gutt Affäre kënne maachen. Zanter 14 Joer ass de Succès vun dësem speziellen Dag nonstop geklommen, dëst Joer soll et net aneschters sinn.

A ganz Europa proposéiere Butteker staark reduzéiert Präisser, fir viru Chrëschtdag nach déi eng oder aner gutt Affär ze fannen. Eng spezialiséiert Säit a Frankräich huet eng Etüd publizéiert, déi d'Verhalen an d'Ambitioune vun de Leit a Frankräich wärend deem Dag analyséiert.

Den impulsive Shopping gëtt duerch de Black Friday ganz kloer ënnerstëtzt. Dëst Joer hu 85% vun de Fransouse wëlles, am Duerchschnëtt 160 Euro den 29. November auszeginn, sief et ee geplangten Akaf oder reng spontan.

Méi wéi 50% vun de Leit, déi bei der Etüd befrot gi sinn, hunn zouginn, keng Akeef geplangt ze hunn a waarden op Promotiounen, déi deen Dag proposéiert ginn. Fir 16% vun de sondéierte Leit ass de Black Friday déi Geleeënheet, fir Chrëschtdagscadeaue méi bëlleg ze fannen.

47% vun de Leit hu Kleeder wärend dëser Aktioun am Viséier a fir 34% gëtt op Elektronik gesat. Schéinheetsproduite kommen op 28%, duerno fënnt een Artikele fir doheem a Miwwelen fir 25% vun de Leit.

De Buttek ass nach ëmmer beléift

D'Konsumente kafen an Europa ëmmer méi online, virun allem bei esou engem groussen Evenement vu kuerzer Zäit, well een hei alles méi einfach a méi séier fënnt a kafe kann. Allerdéngs geet nach bal d'Hallschent vun den Europäer léiwer an de Buttek akafen.

A Frankräich kafen 42% vun de Leit éischter a grousse Butteker an an 38% vun hinnen genéisse léiwer de Confort vum klengen, spezialiséierte Geschäft. 53% kafe bei Online-Butteker an an 29% ginn hir Suen éischter op sougenannte "marketplace" aus. Dacks gi vill Recherchen online gemaach, ier de Produit entweder op enger Säit kaf gëtt oder am richtege Buttek. D'Leit verbréngen och méi Zäit, déi richteg gutt Affär ze fannen, ier se op "Bezuelen" drécken.