Concernéiert ware User op der ganzer Welt, virun allem awer an Europa an Asien.

Netflix hat op Twitter matgedeelt, dass si um Donneschdeg technesch Problemer hätten. Si géingen doru schaffen, dës esou séier wéi méiglech ze léisen, sou hire Client-Service.

D'Problemer ass nom Login entstanen. An der Plaz vum Film oder der Serie ass eng Feelermeldung um Ecran opgetaucht. An Däitschland war et ville Persoune mol net gelongen, sech anzeloggen. Och Lëtzebuerg war vun de Stéierunge betraff. Wéi et vu verschiddenen Notzer aus dem Grand-Duché geheescht huet, konnt een op engem Android-Smartphone d'Contenue genësserlech kucken, mä net um iPhone. Op den Apparater vun Apple gouf eng Feelermeldung ugewisen.