Den amerikanesche Ris huet d'Bemierkunge vun de Cliente vun haut op muer op sengem online-Buttek erofgeholl.

Wann een elo Informatiounen iwwer d'Qualitéit vun engem Produit oder vun engem Accessoire vun Apple kréie wëll, braucht een elo net méi online kucken ze goen. Notten a Bemierkunge goufen an der Nuecht vum 16. op de 17. November komplett geläscht. Apple huet dat gemaach ouni seng Clienten am Viraus ze warnen.

Verschidde Produite vum amerikanesche Ris haten nämlech ganz schlecht Notte kritt wéi zum Beispill de bekannten Adapter Lightning op 3,5 Milimeter Jack deen 735 Evaluatioune vun engem eenzege Stär hat. Eng schlecht Kritik déi een negativen Image vu verschidden Apple-Produiten reflektéiert hat.

Amerikanesch Medien hunn der concernéierter Firma ugeruff fir ze wëssen, wat elo passéiert wier, ouni konkret Äntwert vun hinnen. Et gesäit awer ganz kloer aus wéi wann hei versicht géif ginn, all negativen Impakt vun de Clienten ewech ze maachen. Kontroll gëtt bei Apple grouss geschriwwen, a verschidden Experten haten de Schluss vun den online-Commentairen um Apple-Site scho virausgesinn.

Elo soll ee soss enzwousch kucke goen, fir objektiv Bemierkungen iwwer Apple Produiten ze kréien, an och vläicht ze kafen...