D'Plattform selwer huet dee Kont opgemaach an ass och fir d'Selektioun zoustänneg.

Déi online Plattform ass schonn eng Zäitchen am Gaangen, d'Kreativitéit vun den Useren no vir ze bréngen. Nodeems virun e puer Wochen een Instagram-Account mat Kopië vun de beschten Tweets opgemaach gouf, gëtt et elo eng offiziell Säit op Twitter mat de witzegsten Iddie vun de Leit dobaussen.

Wéi den Numm et scho seet @TwitterRetweets ass et een Account, dee geduecht gouf, fir déi beschten Tweets ze retweeten. Witzeg, intressant, populär an aussergewéinlech Message ginn hei gesammelt.

Am Moment gëtt et den Account just op Englesch, dat heescht et gëtt kee Contenu an anere Sprooche gedeelt. Sollt d'Säit e Succès ginn, da kéint et gutt sinn, datt d'Plattform etlech lokal Versioune kéint opmaachen. Et fënnt een op alle Fall an all Land verschidde Useren, déi eng immens Kreativitéit hunn.

Zanter e puer Méint mécht Twitter vill Efforten, fir den Image vun der Mark ze verbesseren. D'Firma huet Leit agestallt, fir Witzer um offiziellen Haapt-Account ze publizéieren, fir méi mat de Leit ze kommunizéieren, déi de Reseau benotzen. Dës nei Iddi schéngt an déi Richtung ze goe vun engem neien Twitter, méi schéin, méi witzeg a méi oppe fir Diskussioun.