Ass d'Welt vun de sougenannten Influencer an de sozialen Netzwierker amgaangen zesummenzefalen?

Mat Bléck op déi etlech Remarken a Kriticken a leschter Zäit ass dat eng berechtegt Fro. Nieft de Fake Abonnenten, déi vill Influencer kaf hunn, kommen och hir iwwerdriwwe kommerziell Presenz, déi grouss Distanz zu hire Fans, den onéierleche Contenu an eng gewëssen Arroganz net gutt bei hire Follower un.

Dat Schlëmmst, wat Mënsche geschéie kann, ass, wann hir Fan-Communautéit net méi aktiv op hire Profiller ass, a genee dat geschitt den Ament. Et schéngt, wéi wa sech d'User net méi fir dee ganze Bling-Bling interesséiere géingen, well se vill manner op d'Publikatioune vun hiren Idoler reagéieren.

Mam Réckgang vun hirem Succès wiisst d'Beléiftheet vun de virtuelle Figuren an de sozialen Netzwierker. Dat huet eng rezent Etüd erginn, déi vun Hype Auditor geleet gouf. Déi eng virtuell Charaktere wierke ganz realistesch, déi aner gesinn éischter wéi eng Karikatur aus. Zum Beispill fënnt een @noonoouri mat 334.000 Follower oder och nach @lilmiquela mat 1,8 Millioune Fans.

D'Zilgrupp ass hei ganz däitlech déi jonk Generatioun tëscht 18 an 24 Joer, well se momentan intensiv op enger virtueller Well surfen. Op de Säite vun de Jonke gëtt 3 Mol méi Aktivitéit gemooss wéi op Profiller vun "richtegen" Influencer: se liken, deelen a kommentéieren... alles ass erlaabt. Eng grouss Konkurrenz fir déi mënschlech Influencer, well déi virtuell Figuren 24/7 schaffe kënnen an net musse bezuelt ginn... eng perfekt Léisung fir Marken, déi hire Produit verkafe wëllen.

Et mierkt een, dass dës Tendenz éischter bei Frae wéi Männer a virun allem och an den USA gutt ukënnt. D'Technik, fir esou Figuren ze bauen, ass zurzäit nach relativ komplizéiert an deier, schéngt allerdéngs ëmmer méi einfach an accessibel ze ginn. Dowéinst ass et méiglech, dass een an Zukunft ëmmer méi där Konten online untrëfft.