De Blëtz vun dausenden Handyen nervt net just Kënschtler wärend hirem Optrëtt, ma och eng Partie Museksfrënn am Publikum.

Amplaz de Moment ze genéissen, filmen a fotograféiere Fans de Concert vun der éischter bis déi lescht Minutt oder schreiwen iwwerdeems mat Kolleegen. Brauch d'Generatioun Smombie Hëllef? Den US-amerikanesche Start-up Yondr huet dowéinst e Gadget entwéckelt, deen Artist a Spectateur soll entgéint kommen, och wann et eng radikal Moossnam ass. Eng Housse fir de Smartphone soll nämlech d'Léisung sinn.

Virum der Show kréien d'Visiteuren eng Scheek, an déi den Handy agepaakt gëtt. Telefonater, Filmer oder Selfië ginn op dës Manéier ënnerbonnen, well d'Houssen an der Concertshal net kënnen opgemaach ginn. Just a spezielle Beräicher kënnen dës deblockéiert ginn.

Kënschtler wéi d'Alicia Keys, Guns N'Roses an d'Madonna hu schonn op dës Erfindung zeréckgegraff, fir nees méi Briqueten a manner Ecrane vun der Bün aus ze gesinn. Enger Etüd vun Eventbrite no géing den Drang vun der Fan-Communautéit, alles a Bild festzehalen, zwee Drëttel vun den 115 befrote Museker stéieren. Déi mannste wieren awer bereet, d'Handye komplett ze verbidden.