Zanter Juni 2019 ass déi kënschtlech Intelligenz a spezielle Geriichter a China ukomm.

Am sougenannten Internet Court ginn nëmme Litigen traitéiert, déi mam Internet ze dinn hunn. Konkret gëtt dës Software als virtuelle Riichter agesat, deen als weiblech Figur op engem Bildschierm ze gesinn ass. Den nämmlechte Gesiichtsausdrock wéi eng richteg Persoun, déi och eng weiblech Stëmm iwwer Lautsprecher vu sech gëtt. Den Numm ass net grad originell: "AI Judge" an awer geet et hei ëm ganz seriö Affären.

Hei goufen intelligent Technologië benotzt, déi d'Sprooch an d'Bild synthetiséieren fir dem "Riichter" ee glafwierdegt Ausgesinn ze ginn. Seng Aarbecht ass et, de Magistraten ze hëllefen, repetitiv Operatiounen duerchzeféieren, wéi den Appell ze maachen. Der chinesescher Presseagence Xinhua no, gëtt dës Software virun allem benotzt, fir d'Prozeduren méi séier ofzeschléissen.

"Wéi hei geschafft gëtt ass net nëmmen eng Verbesserung vun der Effikassitéit, et ass och eng besser Justiz am grousse Ganzen. D'Konzept erméiglecht eis, méi séier ze schaffen, an Affäre méi performant ze klasséieren, well eng lues Justiz ass eng schlecht Justiz", esou de Vizepresident vum Internet Court, Ni Defeng.

An Zukunft missten dës "AI Judges" och dem richtege Riichter hëllefen a beim Urteel aktiv matmaachen andeems se Donnéeë sammelen. Si ginn och benotzt fir de Useren Tipps an Echtzäit ze ginn, fir déi online Rechtssträit-Plattform besser benotzen ze kënnen.