Déi Leit, déi nach iOS 8 oder eng méi al Versioun um Smartphone lafen hunn, si concernéiert.

Et ass eng schlecht Nouvelle fir vill Leit, déi een iPhone hunn an déi WhatsApp reegelméisseg benotzen: d'App, fir mat Famill a Kolleegen ze schwätzen, funktionéiert vum 1. Februar un net méi op ale Versioune vum iPhone.

Vun deem Dag u kann een op engem Smartphone, dee mat iOS 8 equipéiert ass, kee WhatsApp-Account méi opmaachen. An anere Wieder sinn d'Besëtzer vum Apparat invitéiert, een Update erofzelueden an ze installéieren. Um Apple-Site gesäit een, ob de Smartphone mat engem méi rezente Betribssystem kompatibel ass.

Wann net, kann ee ganz einfach WhatsApp net méi benotzen.

iOS 8 ass scho sechs Joer al, zanterhier si schonn etlech nei Versioune vum Betribssystem erauskomm. Obwuel déi meescht vun hinne vun Apple nach eng Zäitchen ënnerstëtzt ginn, ass dee Support zäitlech begrenzt, mam Zil, dass Leit hire Smartphone fir een neie Modell wiesselen.

Al Versioune vun Android och betraff

D'Entscheedung vu WhatsApp betrëfft och d'Proprietäre vu Smartphone mat enger ze aler Versioun vun Android an och Leit, déi ee Windows Phone benotzen, allerdéngs gouf fir dee Smartphone den 31. Dezember vun dësem Joer als leschten Dag festgeluecht.

Wann een awer seng Chats behale wëll, kann ee se virum 1. Februar (iOS+Android) eroflueden. Esou kann ee wéinstens d'Diskussiounen ausserhalb vu WhatsApp halen.