De Logementsproblem ass weltwäit present a kéint duerch dës innovativ Iddi gréisstendeels geléist ginn.

Eng Famill, déi ganz modest Revenuen huet, konnt viru Kuerzem hiert neit Doheem besiche goen. Et ass allerdéngs keng normal Wunneng, mä e 45 Quadratmeter grousst Haus, dat mat engem 3D-Printer hiergestallt gouf.

Zwou Kummeren, ee Buedzëmmer, eng Terrass an esouguer een zousätzlechen Daach, fir dobausse Schied ze hunn: Eng optimal Léisung fir Leit, déi manner Moyenen hunn, fir sech eng Wunneng ze kafen.

Besonnesch ass och den interessanten a modernen Design vun de klengen Haiser. ECHALE, déi ONG, déi hannert dëser Iddi stécht, huet wëlles, ee ganzt Duerf mat dëser Technik ze bauen. Geschwë missten net manner wéi 50 Wunnengen esou entstoen, mat Gäert, Parken an esouguer administrative Gebaier.

D'Plaz, déi gewielt gouf am Tabasco-Staat a Mexiko, ass dacks vun Äerdbiewe betraff a stellt dowéinst een zousätzlechen Challenge duer. Déi Haiser mussen nach vill méi aushale wéi traditionell Konstruktiounen. Se ginn alleguer vum 3D-Printer Vulcan II gebaut, dee vun der Firma Falcon entwéckelt gouf. Dës Maschinn bréngt et fäerdeg, d'Maueren an den Daach a manner wéi 24 Stonnen ze produzéieren. Am Video ass ze gesinn, wéi ee sech d'Endresultat virstelle kann.

All Haus muss de Krittäre vun de Clienten ugepasst ginn. Dofir haten d'Familljen, déi vun dësem Projet profitéieren, d'Chance, fir mat de Responsabelen ze schwätzen, fir iwwer hir Besoinen ze diskutéieren.

Zanter dem Ufank vum Projet New Story, goufe méi wéi 2.700 Haiser fir méi wéi 15.000 Leit gebaut. Et fënnt een dës Konstruktiounen ënnert anerem a Bolivien, op Haiti, am Salvador an a Mexiko.

Milliounen Dollar a vill Stonne goufe fir abordabel a besser Wunnengen investéiert, fir de Logementsproblem nach méi séier léisen ze kënnen.