Froe wéi "wou kann ech mäin elektreschen Auto oplueden?" a "wéi vill Steckdouse ginn et op där Statioun?" beäntwert an Zukunft Google Maps.

Geschwë begréisst Google Maps eng Funktioun, déi ganz speziell Proprietäre vun elektresche Gefierer dierft intresséieren. Nodeems 2018 d'Opluedstatiounen alleguerte gespäichert goufen, proposéiert d'App an noer Zukunft eng Lëscht vun de Steckdousen, déi mam Auto kompatibel sinn. Sou kritt de Fuerer alleguerten d'Statiounen ugewisen, déi grad disponibel sinn.

Eng ganz positiv Nouvelle fir d'Elektromobilitéit, well verschidden Autosconstructeure léiwer hiren eegene Modell offréieren, an dat, obwuel d'EU de Gebrauch vun enger spezifescher Steckdous ordonéiert huet. De Combo CCS gëtt och vun de meeschte Produzente benotzt, an awer fënnt een heiansdo och aner Systemer.

© google maps

Op Google Maps kann een also säi Choix maachen, tëscht de verschiddene Steckeren, wéi zum Beispill J1772, CCS, Type 2, CCS 2, CHAdeMo oder Tesla, fir genee déi richteg Plaz ze fannen an esou säin Auto ouni Problem kënnen opzelueden.

Gläichzäiteg kritt een och gesot, wéi vill där Steckdousen deen Ament fräi sinn. Praktesch, wann ee sech ënnerwee kuerzfristeg dozou entscheet, d'Gefier un de Stroum ze hänken. Déi nei Funktioun krut awer nach keen offizielle Startdatum, allerdéngs gouf präziséiert, dass déi offiziell Entwécklungsphas amgaange wier.