Enger Etüd vun IHS Markit no wäert een d'Hallschent, also ronn 500 Milliounen Iwwerwaachungskameraen a China fannen.

Aus dem Rapport geet ervir, dass et hei eng Augmentatioun vu ronn 30% ass am Verglach zu deenen, déi den Ament aktiv sinn. Aktuell ginn et der ongeféier 770 Milliounen, dovunner eleng 350 Milliounen a China. Wann een d'Moyenne pro Awunner rechent, kënnt een op eng Kamera op 4,1 Awunner. 70 Millioune Stéck goufen an den USA gezielt. Dës zwee Länner sinn am stäerkste vum Phenomen "Big Brother is watching you" betraff.

An den nächsten zwee Joer misste 15 Millioune Kameraen an den USA bäikommen. An engem Communiqué erkläert de Responsabel vun der Firma, dass d'USA a China um gläichen Niveau vun der Penetratioun um Marché sinn, wat och heescht, dass d'Masseniwwerwaachung geschwë fir déi zwee Länner een Thema wäert sinn.

Méi genee Statistike fir de Rescht vun der Welt missten an den nächsten Deeg publizéiert ginn.

Wat China ugeet, ass d'Land och d'Heemecht vu grousse Produzente vu Kameraen, wéi Hikvision, Dahua oder Huawei, déi hir Produite weltwäit exportéieren. Allerdéngs gëtt am kommunistesche Land eng nach méi streng Technologie agesat, déi mat der Gesiichtserkennung an der kënschtlecher Intelligenz méi wäit geet, wéi just d'Iwwerwaachung, déi de Leit Sécherheet garantéiere soll.